PoliceCourse-poursuite vun Heischent bis op de Rouscht

RTL Lëtzebuerg
Souwuel op der N15 bei Heischent, wéi och an der Hollerecher Strooss an der Stad sinn Automobilisten opgefall, déi ze vill gedronk haten.

Kuerz no 1 Auer um Mëttwoch gouf e Chauffer an der Hollerecher Strooss gestoppt, well en am ZickZack ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv (ënnert 1.2‰).

Géint 2 Auer ass dann e Chauffer op der N15, Heischent via Fuussekaul a Richtung Ettelbréck opgefall, well en nawell zimmlech séier gefuer ass. D'Police huet d'Verfolgung opgeholl, ma et huet bis op de Rouscht (N7) gedauert, bis se e konnte stoppen a kontrolléieren. Dobäi ass festgestallt ginn, dass de Chauffer ze vill gedronk hat an e gültege Führerschäin hat en och net. E Fuerverbuet an e Protokoll waren d'Konsequenz.

En Accident gouf et dann um Mëttwoch de Moie géint 8.40 Auer tëscht Nidderfeelen an Heischent. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ettelbrécker Ambulanz an d'Pompjeeë vu Feelen waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO