
E Mann war sengerzäit op en Neits zu enger Geldstrof vun 2.000 Euro veruerteelt gi wéinst Geschreifs, "dat zum Haass géintiwwer engem Grupp vu Leit kéint incitéieren, op Grond vun deene Leit hirer Origine."
Wéinst am Uerteel net definéierten Zäitëmstänn muss déi Affär elo zréck bei d'zweet Riichter.
Wat d'Faiten ugeet, hat de Mann de Prozess gemaach kritt wéinst dem Hetzen op Facebook géint Flüchtlingen. Hien hat am September 2015 ënnert anerem geschriwwen, dass Kanner vu Flüchtlingen eis Kanner schloen a beklaue géifen an a Schoule mat Drogen handelen dierften, wougéint näischt géif gemaach ginn.
D'Cour de Cassation hat am Dezember eng sougenannt Rupture du délibéré gesprach. Hiert Uerteel war deemno ausgesat ginn, fir dass béid Parteien, engersäits d'Affekotin vum Mann an anerersäits de Parquet général, Stellung dozou kéinten huelen, dass déi zweet Riichter fir déi zréckbehalen Infraktioun keng Zäitëmstänn definéiert haten. De Parquet général hat am Juni an d'Affekotin vum Mann am September Positioun dozou bezunn.
D'Riichter vun der Cour de Cassation halen an hirem Uerteel fest, dass am Artikel 195, Abschnitt 1, vum Code de procédure pénale steet, all definitiv Veruerteelung misst begrënnt sinn, virun allem wären, "d'circonstances constitutives de l’infraction" ze bestëmmen, zu deenen d'Zäitëmstänn gehéieren. Dës Circonstances constitutives missten am Libelle vun der zréckbehalener Infraktioun opgelëscht sinn. Andeems d'Uerteel vun den Appellsriichter dat vun deenen 1. confirméiert, an deem awer genee déi Zäitëmstänn vun der zréckbehalener Infraktioun net definéiert sinn, wär den Artikel 195, Alinéa 1, vum Code de procédure pénale violéiert a misst dat zweet Uerteel casséiert ginn. D'Uerteel vum Januar 2018 wär deemno ze annuléieren an d'Affär misst zréckgoe bei d'Cour d’appel, dat an enger anerer Zesummesetzung. De Staat misst iwwerdeems fir d'Fraisen opkommen.