
De Luxembourg Institute of Science and Technology huet de 14. Juli, am Kader vun der Etüd "Coronastep+", d'Prouwen analyséiert. Echantillone goufen zu Beetebuerg, iwwer Beggen, bis op Schëffleng geholl. Just zu Ëlwen war d'Prouf negativ.
Schonn zanter dem 25. Juni hätt een eng Augmentatioun vum der Covid-Konzentratioun am Ofwaasser festgestallt, zäitgläich goungen jo och d'Zuel vun den Neiinfektiounen nees an d'Luucht.
Besonnesch bei de Kläranlage zu Beetebuerg a Péiteng war d'Konzentratioun vum Coronavirus zanter Juni quasi 3 Mol méi héich. Dogéint wier d'Konzentratioun um Site zu Hesper an am Norde vum Land erofgaangen, respektiv stabel bliwwen.
Weider, méi detailléiert Etüde sollen elo nach opweisen, wisou d'Konzentratioune variéieren.
