"Géi an däi Land akafen!"Coronavirus als Gefor fir friddlecht Zesummeliewen un der däitscher Grenz?

Tim Morizet
D'Astufe vu Lëtzebuerg als Risikogebitt bréngt nei Problemer am Alldag vun de Leit mat sech.

Sief et um ekonomeschen Niveau, op deem et fir vill Betriber knapp gëtt, awer och um sozialen. Zanter Wochen ass och zu Lëtzebuerg nees d'Thema Corona-Auslännerfeindlechkeet e Sujet.

Lëtzebuerg als Risikogebitt / Rep. Tim Morizet

Op der Grenzbréck zu Schengen si wéineg Frontalieren ënnerwee den Ament. D'Summervakanz ass voll am Schwong. Eng Partie däitsch Touriste begéint een awer och ronderëm de Schengener Musée. E puer traue sech nach eriwwer. Lëtzebuerg ass e Risikogebitt. Eng Iwwerschrëft, déi déi lescht Wochen dominéiert, vill Froen opgeheit, ma virun allem fir Chaos gesuergt huet. Zu Lëtzebuerg, awer och hannert der däitscher Grenz. D'Grenze sinn op an awer iergendwéi net.

Lokale Commerce un der däitscher Grenz leit

Ekonomesch gesinn ass d'Klasséierung vu Lëtzebuerg eng Katastroph. Virun allem fir déi grouss, ma och fir ganz kleng Geschäfter hannert der Grenz.

D'Ursula Peifer, Filial-Leederin vun engem groussen Déieregeschäft zu Pärel: "Sie sind hier an der luxemburgisch-französischen Grenze. Das sind unsere Kunden. Das sind die, die halt auch den größten Teil von unserem Geld einbringen."

Och d'Ute Klassen an hir Metzlerei a Rheinland-Pfalz ass op d'Lëtzebuerger Clientèle ugewisen: "Es hemmt auf jeden Fall. Die Region lebt ja auch davon, dass die Luxemburger hierher kommen. Einer lebt ja von dem anderen. Also das ist einfach, das gehört dazu. Es ist halt auch schade, dass da jetzt auch mal wieder ein bisschen was kaputt gemacht wird."

Op der aner Säit vun der Grenz zu Schengen a Réimech spiert een den Impakt kaum. Op den Tankstellen ass et méi roueg. D'Clientèle an de Geschäfter awer si Lëtzebuerger a vereenzelt Frontalieren, déi trei bliwwe sinn.

Aklasséierung als Risikogebitt féiert zu Auslännerfeindlechkeeten

Nieft dem ekonomeschen ass an de leschte Wochen awer och e soziale Problem opgetaucht.

Ee Lëtzebuerger Passant: "Ech mengen, dat war et, wéi d'Grenz zougaangen ass (...) an dass d'Police mat de Maschinnegewierer op der Grenz steet, dat ass fir verschidde Leit eng béis Erënnerung. An do bleift eppes hänken."

E Gefill gëtt nees wakereg op der Lëtzebuerger Säit: D'Roserei géint déi däitsch Corona-Auslännerfeindlechkeet. Et sinn eenzel, zum Deel, kleng Aktiounen, déi een am Alldag zum Beispill am Supermarché héiert an erschrecken.

Eng Erfarung vum Jessica aus dem Alldag: "Eng héichschwanger Fra, et war hir schlecht, si huet gefrot, ob si hir Mask kéint e bëssi ofdoen. Et war eng däitsch an hannendru stoung e Lëtzebuerger, dee gemengt huet, e misst si e bëssi beleidegen. Hefteg ënnert der Gürtellinn: 'Präisesch Houer, géi an däi Land akafen!'"

E weidere Virfall zu Beetebuerg: "Meng Schwéiesch war mat de Kanner am Parc Merveilleux gewiescht a wou si dunn erausgaangen ass fir bei den Auto, hat si e schéinen Ziedel op der Windschutzscheif hänken: 'Nazis raus!' Et deet engem scho wéi, wann ee mat de Kanner ronderëm leeft."

Et sinn Aktiounen, déi op béide Säite vun der Grenz geschéien. Net nëmme spezifesch zu Lëtzebuerg. Ma et sinn der, déi op der ganzer Musel Suerge maachen. Virun allem, wann déi schaarf Restriktioune vu däitscher Säit sollte weidergoen.

Lokale Commerce un der däitscher Grenz leit
D'Astufe vu Lëtzebuerg als Risikogebitt bréngt nei Problemer am Alldag vun de Leit mat sech.

Back to Top
CIM LOGO