Mail-AffärCorinne Cahen freet beim Premier Ethik-Comité anzeberuffen

RTL Lëtzebuerg
D'Corinne Cahen freet, datt den Ethik-Comité sech mat hirer Email un de Stater Geschäftsverband befaasst, awer och mat hirer Locatiouns-Wunneng op Airbnb.
© Archivbild RTL Grafik

D'Familjeministesch huet d'Demande un de Staatsminister a Parteikolleg Xavier Bettel e Méindeg de Moien geschéckt an op de soziale Reseauen gedeelt.

D'Corinne Cahen mengt den Avis vum Ethik-Comité kéint "déi Diskussioun objektivéieren", déi befleckt wier vu parteipoliteschen Interessien a perséinlechen Attacken. Si hofft och, "datt d'Politik nees de richtegen Toun fënnt am Ëmgank mateneen".

An hirem Bréif un de Staatsminister reagéiert d'Corinne Cahen awer och op d'Virwërf, déi hir gemaach ginn. Zu hirem Email un de Stater Geschäftsverband seet si, deen hätt näischt mat hirem Schonggeschäft op der neier Avenue ze dinn, mä allgemeng mat der schwiereger Situatioun fir d'Geschäfter wéinst dem Tramchantier. D'Corinne Cahen entschëllegt sech awer op en Neits, datt si hiren Email vum Ministère benotzt huet.

Zu hirer Locatioun op Airbnb ass d'Corinne Cahen der Meenung, et géing sech net ëm eng gewéinlech "kommerziell Aktivitéit" handelen, mä ëm eng "einfach Locatioun wärend enger begrenzter Zäit".

Fir ofzeschléissen, mengt d'Corinne Cahen: "All Bierger muss kënne Politik maachen, egal wat dem Bierger säi Beruff ass." No engem Mandat misst logescherweis jidderee kënne säi fréiere Beruff erëm ausüben.

Parlamentaresch Fro vum Sven Clement

An zwar hätt d'Corinne Cahen, hiren eegenen Aussoen op Facebook no, och mam Direkter vu Luxtram telefonéiert, fir hir Suergen kloer ze maachen.

PDF: Parlamentaresch Fro vum Sven Clement

Back to Top
CIM LOGO