
D'Stéit hu wärend dem strenge Confinement am leschte Fréijoer däitlech manner consomméiert. De Statec seet e Recul vu 6 bis 8 Prozent fir d'Joer 2020 viraus. D'Verbraucher ware gezwongen ze spueren, a genee dat kéint heeschen, dass se déi Suen elo kéinten ausginn. Ma dat hänkt dovun of, wéi hir Confiance sech entwéckelt.
An dat hänkt och dovun of, wéi laang d'Pandemie nach dauert a wéi negativ den Impakt op d'Aarbechtswelt ass. Déi epidemiologesch Evolutioun, d'Mesuren, déi decidéiert ginn, an d'Vaccinatiounen. Vill Onsécherheeten, déi et dem Statec och sou schwéier gemaach hunn, fir auszerechnen, wéi d'Consommatioun sech 2021 entwéckelt.
Wat ee mat Sécherheet soe kann: zejoert hunn d'Stéit manner ausginn, ewéi 2019. Tëscht 6 an 8 Prozent manner. Dat ass virun allem drop zeréckzeféieren, dass am Fréijoer quasi alles zou war, wou ee Sue kann ausginn.
Nawell ware verschidden Depensë manner affektéiert ewéi anerer. De Statec ënnerscheet dräi Kategorien. Quasi guer net affektéiert waren déi lafend Käschten: de Logement, d'Kommunikatioun, Handy-Kontrakt, Internet, Finanzen an Assurancen. D'Depensë fir Iessen a Gedrénks an de Supermarchéë sinn dem Statec no esouguer eropgaangen. Ëmmerhi waren d'Restauranten an d'Kantinne laang zou, a sinn et elo jo iwwregens och nees. Op alle Fall kéinten d'Depensë fir Alimentatioun am Joer 2020 3 Prozent méi héich sinn, ewéi am selwechte Joer ouni Covid-Kris.
Zweet Kategorie: hei handelt et sech ëm Produiten, déi an Enseignë verkaaft ginn, déi zou waren, mä déi elo nees op sinn. Hei ass d'Consommatioun e bëssen no hanne verréckelt, seet de Statec. D'Leit konnten am Fréijoer net kafen, maachen et vläicht awer elo. Miwwelen, audiovisuell Produiten an Autoen. De Rattrapage géif awer bei wäitem net duergoen, fir d'Pertë virdrun ze kompenséieren.
Am stäerkste betraff sinn all déi Secteuren, bei deenen e gewësse physesche Kontakt net ze vermeiden ass. Horesca, Kultur a Sport, Transport a Rees-Aktivitéiten. Bis d'Enn vun der Pandemie wäerten d'Menagen heifir wéineg Suen ausginn. Och fir Sprit a Brennes hunn d'Leit zanter dem Ufank vun der Pandemie manner ausginn. Wéinst Teletravail an enger Baissë vun de Präisser op der Pompel wäerten d'Perten net kënne kompenséiert ginn, esou de Statec.
Ob e Stot nom Lockdown nees méi consomméiert huet, hänkt natierlech vu senger eege finanzieller Situatioun of. Ob en effektiv d'Méiglechkeet hat, Suen op d'Säit ze leeën an elo Spillraum huet se auszeginn.
Wéi vill méi kéint 2021 da consomméiert ginn? An engem gudden Zenario bis zu 8 Prozent. Dat wären 1,5 Prozent méi ewéi 2019. Am pessimisteschsten Zenario géif d'Consommatioun den Niveau vun 2019 net erreechen. A well d'Restriktioune sech jo weider zéien, kéint et vläicht éischter an déi Richtung goen.
Well d'Stéit de facto gezwonge waren, Suen ze spueren, well se verschiddene Besoinen net nogoe konnten a well de Vaccin elo do ass, kann de Statec dovun ausgoen, dass d'Consommatioun 2021 respektiv d'Joer drop staark klëmmt. Dat hänkt awer dovun of, ob d'Stéit sech Depensen zoutrauen, ob d'Perte bei hirem Revenu sech a Grenzen hält. De Statec hält an der Konklusioun vun dëser Analys fest, dass d'Onsécherheet bei de Stéit sech vergréissert, wann d'sanitär Mesuren Enn 2020 an Ufank 2021 nach verstäerkt ginn. Da géif d‘Gespuertes éischter aus Virsiicht gehale ginn. D'Mesurë sinn op d'mannst nach net gelackert ginn.
Hei de komplette PDF vum Statec!