
D'Famillje goufen direkt informéiert an natierlech si Visitten an där Struktur dann net méi erlaabt.
An engem zweeten Altersheem gouf et e Verdachtsfall, temporär sinn d'Visitte verbuede ginn. De Verdacht vun enger Infektioun huet sech dunn awer net confirméiert an et kéint ee seng Familljemembere nees besiche goen. Doriwwer hätt een déi Concernéiert wéi gesot informéiert, sou Servior.
