Fuerderung vun OppositiounCommunity-Medie sollen e separat Pressehëllef-Gesetz kréien

Claudia Kollwelter
Déi sougenannte Community-Medien waren en Dënschdeg Haaptsujet an der Mediekommissioun.
© RTL-Grafik

Nodeems de Radio ARA jo e Méindeg den Owend mat enger Aktioun virun der Chamber op hir prekär Situatioun opmierksam gemaach huet, sinn d'Deputéiert bei den Diskussioune ronderëm d'Reform vun der Pressehëllef net laanscht dee Punkt komm. An den Ae vun den Oppositiounsparteie missten d'Community-Medien en eegent, separat Pressehëllef- Gesetz kréien.

Community-Medien / Reportage Claudia Kollwelter

Virgesinn ass awer elo, datt déi audiovisuell Médias citoyens aus dem Gesetz erausgeholl ginn, déi geschriwwen awer dra bleiwen. Dat géif der CSV-Deputéiert Diane Adehm no awer kee Sënn maachen, well och déi anescht funktionéieren, wéi déi klassesch Medien:

Et ass grad bei de Médias citoyens, wou mer vill Journalisten hunn, déi Freelance oder fräiwëlleg do schaffen, oder an anere Medie schaffen, awer nach benevole eppes bei engem Médias citoyens maachen. An dat si Leit, déi professionell Journaliste sinn, mä déi hunn ebe keen Aarbechtskontrakt mat deem Medium.

Wat de Radio Ara betrëfft, soll dësen duerch eng Konventioun ënnerstëtzt ginn. Fir de Marc Goergen vun de Piraten ass dat awer och net d'Léisung:

Mä, datt een elo mat all Medium eenzel Kontrakter mécht, ass och net Sënn an Zweck. Mir wéilte léiwer, datt ee seet: Mir hunn e Worf, op dee ka jidderee sech mellen, an da fält en entweder an déi Krittären oder net a kritt Pressehëllef, mä datt de Premier a Medieminister dono bei jidder Eenzele verhandele geet, ass och net sou korrekt.

Bei de schrëftleche Média citoyens gesäit de Projet de Loi vir, datt dës eng Hëllef vu bis zu 100.000 Euro kënne kréien, Betounung op kënnen. D'Diane Adehm ënnersträicht, datt de Staatsrot gefuerdert huet, datt een do Krittäre festleet:

Souwuel d'ALJP, wéi och de Conseil de presse hu kritesch Avise gemaach, wou se gesot hunn: Wa mer dat soen, gëtt et ganz arbiträr an dono decidéiert de Medieminister, wien eng Hëllef kritt a wien net.

Der grénger Deputéiert Djuna Bernard no wier et immens schwéier d'Diversitéit, mä och den enorme Wandel vun de Community-Medien an engem Gesetz festzehalen.

Ech mengen, datt een d'Verännerunge vun der Zäit muss mat begleeden an doropshi kucken, wat passt. Wa mer lo e Kader fixéieren, ass e grousse Risiko, datt Saachen, déi sech lo entwéckelen, déi an engem Joer vläicht consomméiert ginn, net méi do erapassen.

D'Debatt ëm e separat Gesetz misst der Djuna Bernard no awer nach weidergefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO