
D’DP-Exekutiv wëll jo e Weiserot consultéieren, fir ze kucken, wéi d’Partei mat der Mobbing-Affär vum Monica Semedo soll ëmgoen. Am Raum steet en Ausschloss vun der liberaler Europadeputéiert aus der DP.
Normalerweis wier de Weiserot eréischt zesummegeruff ginn, wann d’Monica Semedo eng Decisioun vun der DP-Exekutiv kontestéiert hätt. Aus parteiinterne Kreesser heescht et géigeniwwer dem Tageblatt, datt een engem Appell, enger Kontestatioun also, wéilt virgräifen.
Den Exekutivbüro vun der DP huet selwer nach keng Decisioun geholl a wëll eng Stellungnam vum Weiserot eben ofwaarden. Sollt dee Weiserot en Ausschloss vum Monica Semedo recommandéieren, da kéint si awer virum Comité directeur an Appell goen, heescht et dann awer weider. An deem Fall wier awer onwarscheinlech, datt de Weiserot nach emol gefrot gëtt, sou nach d’Tageblatt. De Comité directeur kéint sech jo nach ëmmer op den Avis vum Weiserot beruffen.
RTL-Artikel (25.1.21): DP deelt mat: E Comité des sages soll iwwer Semedo-Affär tranchéieren