AdemChômagetaux läit am Juli bei 6,6%

RTL Lëtzebuerg
Am leschte Mount waren 19.762 bei der Adem ageschriwwen. Par Rapport zu zejoert ass dat eng Hausse vu ronn 26%.
© RTL-Grafik

Dat entsprécht bal 4.100 Persoune méi, déi op der Sich no enger Aarbecht ware wéi nach am Juli zejoert. Am Verglach mam Mount virdru sinn d'Zuele liicht zeréckgaangen. D'Adem erkläert d'Hausse domadder, datt den Ablack manner Chômeure vermëttelt kënne ginn.

© adem

D'Entreprisë mellen den Ament och däitlech manner Plaze wéi soss. Am Juli goufen der bal 2.900 gemellt. Méi wéi e Véierels manner wéi d'lescht Joer ëm déi selwecht Zäit.

Am Juli huet d'Aarbechtsamt 2.228 nei Dossieren opgemaach. Dat waren der 14,4% manner wéi am Juli 2019.

D'Zuel vun de Chômeuren, déi eng komplett Indemnitéit kréien, ass an engem Joer ëm 33,6% op bal 10.000 Persounen eropgaangen.

© adem

PDF: Pressecommuniqué Adem

Back to Top
CIM LOGO