
Wéi d’Police mellt, wier den Auto mat franséische Placken enger Patrull an der Rue de la Poste zu Bieles opgefall, deen ze séier ënnerwee war. Am Rond-point hätte si dem Chauffer mat bloe Luuchten a Sireen ze verstoe ginn, stoen ze bleiwen. Den Automobilist huet Vollgas ginn a konnt enger Policepatrull auswäichen, déi him entgéint gefuer koum.
De Chauffer ass weider mat héijer Vitess de falsche Wee duerch e Rond-point bis op d'A13 gerannt an huet sech a Richtung Frankräich ewechgemaach. D'Police ass dem Chauffer nogefuer op d'N31, dunn Athus eraus an um Enn duerch d'Belsch iwwer d'E11. A Richtung Frankräich huet d’Police d’Verfolgung missen opginn.
Eng Enquête leeft.