Centre d’Incendie et de SecoursCGDIS léisst Reprochë vu Beetebuerger Gemeng net gëllen

Tim Morizet
Een neien Zenter fir d'Noutdéngschter soll op Diddeleng kommen. Déi Beetebuerger Gemeng ass awer der Meenung, datt hier Propos ignoréiert gi wier.
CGDIS léisst Reproche vu Beetebuerger Gemeng net gëllen
Een neien Zenter fir d'Noutdéngschter soll op Diddeleng kommen. Déi Beetebuerger Gemeng ass awer der Meenung, datt hier Propos ignoréiert gi wier.

En Terrain an der Industriezone Riedgen 1 gouf zeréckbehalen, fir een néien Zenter fir d'Noutdéngschter vun Diddeleng a vu Beetebuerg ze bauen. Hei koum an de leschten Deeg awer d'Kritik vum Beetebuerger Buergermeeschter et wier ee mat enger eegener Gemenge-Propos ignoréiert ginn. De Verwaltungsrot vum CGDIS wëll dat awer net gëlle loossen.

Hei war et virun allem d'Kritik un enger schlechter Kommunikatioun tëscht dem CGDIS, dem Inneministère an der Gemeng Beetebuerg. Et hätt een en Terrain an der Industrie-Zone Schéleck 2 op der Diddelenger Strooss proposéiert, dat deen Ament, wou ee sech zu Diddeleng net iwwert d'Konditioune vun den 2018 5 proposéierten Terraine ganz eens war.

No sëllege Courrieren hätt een eréischt méi spéit dëst Joer Bescheed gesot kritt, datt een net um Terrain zu Beetebuerg intresséiert wier. Ma dat hätt näischt mat enger schleefender Kommunikatioun ze doen, heescht et aus dem Verwaltungsrot.

De President vum Verwaltungsrot vum CGDIS, Alain Becker: "Ech mengen de Projet vun engem Neibau ass e Projet, deen zanter quasi schonn 10 Joer an der Stad Diddeleng diskutéiert gouf a wou och de Lead ganz kloer bei Diddeleng louch, et ass eben an deene leschten 2-3 Joer wou dann och zesumme mat Beetebuerg gekuckt gouf, e gemeinsame Site och ze sichen, an och mat der Iddi, datt natierlech och Beetebuerg kéint an een Neibau integréiert ginn".

D'Avance wier hei awer kloer vun der Gemeng Diddeleng komm an de CGDIS hätt, no senger Kreatioun, dësen, ewéi vill aner Projeten iwwerholl. Et wär effektiv nodréiglech keng Standuert-Diskussioun am Verwaltungsrot gefouert ginn.

Den Alain Becker: "Et ass net nach eng Kéier nei debattéiert ginn a Respekt zu all deene Projeten, déi de CGDIS gierft huet no senger Kreatioun d'lescht Joer, well d'Gemengen do eng grouss Viraarbecht gemaach hunn an och investéiert hunn. Beim Projet Diddeleng weess ech och, datt e Bureau d'études schonn drop geschafft huet an et ass natierlech och déi Viraarbecht ganz sënnvoll ass, fir eventuell een Avant-Projet ze maachen".

Dat och well de Site zu Beetebuerg duerch den Trafic Risike mat sech bréngt, sou nach den Alain Becker.

Esou wär ee mam Site zu Diddeleng an idealer Proximitéit zu zwou verschiddenen Autobunnen, fir och am Fall vun Accidenter direkt ze reagéieren.

Back to Top
CIM LOGO