
Et gouf kee blesséiert, ma d'Strooss huet musse wärend den Opraumaarbechte gespaart ginn.


E Mëttwoch de Moie géint 7.30 Auer sinn zu Käerjeng 2 Autoen net laanschtenee komm. 2 Persoune goufe bei deem Accident blesséiert. Zwou Ambulanzen, d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng a vu Käerjeng-Péiteng waren op der Plaz.
En Dënschdeg den Owend kuerz virun 19 Auer hat en Automobilist op der Béiwenerstrooss bei Noutem d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an d'Leitplank gerannt. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.
Zu Stengefort ass géint 21.10 Auer eng Automobilistin mat hirem Auto an en geparkte Camion gerannt. Och hei hat déi schëlleg Automobilistin ze vill gedronk an huet de Führerschäin mussen ofginn.
An der Avenue Pasteur an der Stad ass en Automobilist opgefall, well en de falsche Wee an eng Einbahn gefuer ass. Den Alkoholpeegel war iwwert dem erlaabte Maximalwäert. Fazit: Führerschäin fort.