A1 tëscht Fluessweiler a MënsbechCamion lant no Accident hannert der Leitplank op der Säit

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg an der Mëttesstonn huet op der Tréierer Autobunn Richtung Stad e Camion eng geparkte Camionnette mat Remorque gesträift.
Camion lant no Accident hannert der Leitplank op der Säit
E Méindeg an der Mëttesstonn huet op der Tréierer Autobunn Richtung Stad e Camion eng geparkte Camionnette mat Remorque gesträift.

D'Camionnette stoung op der Säit, fir e Chantier ofzesécheren. Éischten Informatiounen no huet e Camionschauffer d'Camionnette gesträift an ass dunn e Stéck weider vun der Strooss ofkomm, ass duerch d'Leitplank gerannt a quasi op der Kopp gelant. De Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Déi riets Spuer war blockéiert an et goung just lues iwwert d'Iwwerhuelspuer laanscht. Kuerz no 16 Auer gouf d'Autobunn op där Plaz komplett gespaart, fir de Camion ze biergen.

Back to Top
CIM LOGO