Tëscht Lampech a SuessemCamion ass gekippt, 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg ass um CR178 tëscht Lampech a Suessem ee Camion gekippt. Wéi et heescht, wier 1 Persoun verwonnt ginn.
© Domingos Oliveira

D'Strooss gouf gespaart, fir de Camion ewechzehuelen an d'Strooss ze botzen.

Weider Virfäll uechtert Land

Zu Déifferdeng an der Rue Lasauvage huet et en Dënschdeg an der Mëttesstonn gebrannt. 1 Persoun ass dobäi verwonnt ginn.

Op der A6 a Richtung Stad koum et op der Héicht Wandhaff-Capellen géint 13:20 Auer zu engem Verkéiersaccident. De Bilan sinn hei 2 Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO