
D'Fra gouf via europäeschen Haftbefeel gesicht, dat wéinst illegalem Besëtz vun enger Schosswaff, Drogebesëtzt a Mordversuch.
Am November 2020 soll si zu Réimech op e Mann geschoss an deen dobäi um lénke Been an um rietse Fouss blesséiert hunn. Well de Mann awer nach konnt flüchten, hätt hien dëst iwwerlieft.