Trotzdeem seet de Conseil, d’Regierung soll méi virsiichteg sinn.
Engersäits ginn et eng Rei Inkoherenzen an de Previsiounen. Donieft misst d’Regierung kloer festleeën, wéi vill Sputt se huet fir hir grouss Projeten. Weder bei der grouss annoncéierter Steierreform, nach beim Klimapak wéisst een den Impakt op d’Budgetszuelen.
Dem President vum CNFP dem Romain Bausch no wier et besser, wann d’Regierung relativ fréi an der Legislatur eng Enveloppe géing definéieren.