Iwwerdeems gëtt ëmmer méi online akaf. An dat heescht, et musse méi Päck transportéiert ginn. An hei staut et, jee no Destinatioun. D'Ursaach läit bei der Aviatioun. Honnerte Flich sinn den Ament ofgesot. Domat gi wichteg Capacitéite verluer fir Post a Päck ze transportéieren.
Eng 25.000 Päck ginn den Ament an der Moyenne den Dag hei zu Lëtzebuerg verdeelt. Nees ënnert der Pointe vu wärend dem Confinement am Abrëll, wou et 56% méi waren. Awer weider kloer iwwert der Moyenne vum leschte Joer.
National ass d'Verdeelung schonn en Challenge, vum Centre de Tri iwwer d'Bréifdréier, bis all déi, déi Päck verdeelen, seet d'Hjoerdis Stahl Directrice adjointe vun der Post:
"International ass alles nach méi komplex, well d'Post hei keng Kontroll huet, wat dobaussen geschitt. E Beispill, bannent der EU. Griicheland huet am Ufank vun der Pandemie guer keng Päck méi ugeholl. Elo muss alles iwwer Athen an d'Land eran. Vu Lëtzebuerg aus géifen d'Päck theoretesch iwwert den Air-Mail-Center Frankfurt mat der Lufthansa op Athen goen. D'Lufthansa huet awer just nach ee Vol den Dag an dee fëllt d'Deutsche Post schonn.
Do si mer beim nächste Beispill, wou d'Post sech staut. Hei bleift vun Europa aus just eng Dier op. Den JFK-Fluchhafe vun New York. Mat och hei just nach engem Lufthansa-Vol den Dag."
Kriddeleg gëtt d'Situatioun ronderëm d'US-Walen, well d'Bréifwal pünktlech ukomme muss. Gefuerdert ass do nees emol d'Departement "Régulation" vun der Post, fir, wéi sou dacks dëser Deeg a Covid-19 Zäiten, no Alternativen ze sichen. Eventuell, iwwer d'Cargolux.
