FriddensgeriichtBrauerei dierf kee Loyer froe fir d'Zäit vum Lockdown

RTL Lëtzebuerg
Um Stater Friddensgeriicht gouf déi lescht Woch en Urteel gesprach, dat eng grouss Bedeitung fir den Horesca-Secteur kéint hunn.
© AFP

D'Riichter koumen nämlech - an éischter Instanz - zur Conclusioun, datt d'Brauereien den Exploitantë vun de Caféë kee Loyer dierfe froen, fir déi Zäit, wou d'Gesetz de Bistroe verbitt opzemaachen.

Kee Loyer wärend Lockdown/Reportage Dany Rasqué

Dës Affär war uganks Dezember plädéiert ginn. D'Brauerei Mousel-Diekirch, also d'Brasserie de Luxembourg, hat engem vun hire Locatairë virgehäit, e puer Méint mam Loyer hannendran ze sinn.

D'Brauerei hätt am Ganze gären 90.000 Euro vun hirem Locataire gehat. D'Riichter soen awer, datt d'Flichten, déi am Kontrakt tëschent Brauerei an Exploitant festgehale sinn, an där Zäit, wou d'Bistroe mussen zou sinn, net kënne respektéiert ginn.

De Kontrakt gëllt dofir an der Zäit vum Lockdown als suspendéiert.

De Maître Frank Rollinger, Affekot vum Cafetier, deen an dësem Fall betraff war, erkläert: "Deen Ament, wou de Gesetzestext duerch ass, deen decidéiert, datt de Café net fir de Public op ass, kommen déi Zwee am Fong hire Verflichtungen net méi no. Dat heescht op där enger Säit stellt d'Brauerei net dat zur Verfügung, dat se misst zur Verfügung stellen an domadder fält op där anerer Säit och d'Obligatioun vum Exploitant ewech, e Loyer mussen ze bezuelen, well e jo och keng Géigevaleur kritt."

En existenziellt Urteel fir den Exploitant vum Café aus de Rives de Clausen, mä natierlech net nëmmen. Et ass anengems en Urteel, dat als Präzedenzfall kéint gesi ginn.

"Elo muss een natierlech kucken. Et ass dat éischt Urteel. Eng ganz Rei aner Urteeler hu bis elo festgehalen, datt trotzdeem misst bezuelt ginn. Déi Affär hei geet méi wéi sécher an den Appell, esou dass een da méi Sécherheeten huet, wann en Urteel aus zweeter Instanz do ass, fir sech kënne festzeleeën, ob dat heiten e Modell ass fir op d'mannst och all déi aner Cafésbesëtzer."

Et ass en Urteel, dat sech och op Discoen a Spillhale misst applizéiere loossen, mä wéi ass et mat de Restauranten? Gëllt dat och fir si? Schliisslech hu si net komplett missten zoumaachen, mä haten d'Méiglechkeet, fir en Takeaway ze maachen.

"Dee Punkt ass net analyséiert ginn, well hei zeréckgehale ginn ass, datt de betraffene Locataire haaptsächlech e Cafésbetrib huet. Bei de Restaurante stellt sech effektiv déi Fro. Virun allem, wann een dat ganzt Urteel liest, fir déi Zäit, wou et nees op war, och mat Restriktiounen, de volle Loyer ze froen. Et ass schwiereg, dat genee ze soen. Dobäi kënnt, datt bestëmmt elo Urteeler geschwat ginn, wou dat heiten Urteel benotzt gëtt an d'Argumenter do draus an da muss ee kucken, a wéi wäit e Riichter an der éischter Instanz oder och direkt an zweeter Instanz deem Rechnung dréit."

An engem Urteel vum Lëtzebuerger Friddensgeriicht vum 21. Januar 2021 geet awer indirekt heiriwwer riets. Heiraus geet ervir, dass e Restaurant ouni Takeaway, deen also ganz zou ass, vun der "Obligation de payer le loyer et les charges pendant la période d’interdiction" entbonnen ass. Der Motivatioun no ass et offensichtlech anescht, wann e Restaurant awer Takeaway mécht oder wann en dat "raisonnablement" kéint maachen. Deemno ass et esou, dass de Riichter en Ënnerscheed mécht tëschent engem Restaurant, dee ganz zou ass an engem deen Takeaway mécht oder kéint maachen.

D'Urteel, dat elo virläit, ass net just fir den eenzelen Exploitant wichteg, deen och Member ass an der ASBL "Don't forget us". Wann et weider juristesch Schrëtt géife ginn, missten d'Cafetiere sech net virgeheie loossen, datt se de Loyer acceptéiert a sech net géint d'Brauereie gewiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO