
Duerch eng Decisioun vum ILR krut d'Post d'Missioun vum "service postal universel" fir déi nächst 10 Joer. Dës Period dauert domat bis Enn 2029.
Op eng ëffentlech Consultatioun am August hi war et, mat der Post, och nëmmen ee Prestataire, dee sech gemellt hat, fir dëse Marché ze iwwerhuelen oder am Fall vun der Post weiderzeféieren. Och aner Demandë fir dëse liberaliséierte Secteur vun de Post-Servicer wieren natierlech da vum ILR ënnert d'Lupp geholl ginn.
Zanter der Liberaliséierung vum Bréif-Marché an dem Postgesetz vun 2012 war d'Post wärend 7 Joer designéierte Prestataire a wäert dat wéi gesot fir déi nächst 10 Joer och bleiwen.
Den universelle Postservice, deen op 5 Deeg d'Woch muss garantéiert sinn, zielt fir d'Verdeelen an den Tri vu Bréiwer bis 2 Kilo a Päck bis 10 Kilo, mee och fir d'Zoustelle vun zum Beispill Recommandéen.