"Trade your teacher" Biller vum Schoulpersonal kafen an tauschen: Innovative Schoulprojet

Christophe Hochard
Ee Sticker-Album ass "à la une" am Lycée vu Gréiwemaacher. "Trade your teacher" - Tausch däi Proff heescht et.
Innovative Schoulprojet zu Maacher
Am zweete Joer leeft elo am Maacher Lycée e pedagogesche Projet mam Zil, deene Jonke verschidde Kompetenze méi no ze bréngen.

Et ass eng Zort "Panini-Album", wou et drëms geet, Biller vum Schoulpersonal ze kafen an ze tauschen.

Wärend 6 Méint hunn déi 10 Schüler a Schülerinnen un dësem Projet geschafft. Viru ronn enger Woch goungen d'Biller an den Album an Dréckerei. Vun 3ième bis 1ière zitt sech dësen Exercice a riicht sech un d'Schüler aus dem Classique. Zil ass et, d'Kompetenze vun deene Jonken ze fërderen.

Wat de Billeralbum ugeet, gëllt et dësen elo ze vermaarten.

D'Fërdere vun der englescher Sprooch ass e weidert Léierzil vun dësem Projet. Dofir goufen Interviewe mat Leit aus den USA gefouert. 12 am Ganzen. An engem Buch goufen dës Interviewen dann zum Schluss zesummegefaasst.

Am Team schaffen, Léisunge fannen. Alles dat gëllt et bei dësem Projet ze léieren.

Back to Top
CIM LOGO