Sexualiséiert GewaltBetraffener traue sech dacks net, iwwert de Mëssbrauch ze schwätzen

Monica Camposeo
160 Fäll vu sexualiséierter Gewalt pro Joer zielt den Cesas, den nationalen Zentrum fir d’Promotioun vun der affektiver an der sexueller Gesondheet.
Sexualiséiert Gewalt
160 Fäll vu sexualiséierter Gewalt pro Joer zielt den Cesas, den nationalen Zentrum fir d’Promotioun vun der affektiver an der sexueller Gesondheet.

An dat wier nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Am Kader vun der Orange Week huet den Cesas e Méindeg eng Konferenz organiséiert, virun allem fir d’Thema vun der sexualiséierter Gewalt ze enttabuiséieren. Betraffen Erwuessener ewéi och Kanner traue sech dacks net, iwwert de Mëssbrauch ze schwätzen.

Sexuell Gewalt / Rep. Monica Camposeo (9.12.19)

Sexualiséiert Gewalt ass nach ëmmer en Tabu-Thema an aus dësem Grond gëtt d’Donkelziffer vun den Affer nach vill méi héich geschat. International Etüde besoen, dass nëmme ronn 30% vun den Affer iwwer de Mëssbrauch schwätzen, an 10% vun de Fäll gëtt eng Plainte deposéiert. Dat hätt och dacks domadder ze dinn, dass sech vill Affer net eescht geholl fillen.

"Wa si eng Plainte deposéiere wëllen, kann et virkommen, dass si op e Policebeamte stoussen, deen hinnen net gleeft. An dat hannerléisst natierlech e schlecht Gefill. Dann denke sech d’Fraen, dass et sou wéi sou näischt bréngt, iwwer de Mëssbrauch ze schwätzen, well si jo net gehéiert ginn a si hunn d’Gefill, et géing keen hinne gleewen.", betount Jessenia Bone, femmes en détresse.

Keen oppent Ouer fannen oder am schlëmmste Fall gëtt den Affer, an hei geet et dacks ëm Fraen, d'Schold um Mëssbrauch zougeschriwwen. Dat beweist: sexualiséiert Gewalt ass e strukturelle Problem, deen och vill mat Virurteeler ze dinn huet.

"Et gëtt eng europäesch Etüd, déi ausseet, dass 38% vun de Lëtzebuerger, déi hei gefrot gi sinn, fannen dass eng Fra, déi vergewaltegt ginn ass, eventuell en Deel Schold huet. Mir waren topp um europäeschen Niveau, wat dat ugeet. Dat heescht mir hunn nach e ganz ganz grousse Problem an eise Käpp, an eiser Struktur vun der Gesellschaft.", mengt d'Anik Raskin, d'Direktesch vum CNFL.

D‘Muechtverhältnisser spillen awer net nëmmen tëscht Mann a Fra eng Roll. Ma och Kanner si vu sexualiséierter Gewalt betraff. Dofir wier et wichteg, scho fréi mat der Präventioun unzefänken an eventuell Signaler och richteg ze deiten.

"Et ka wichteg sinn, d’Entwécklung, och déi emotional Entwécklung, vum Kand ze suivéieren, esou wéi och dat soziaalt Verhalen. Huet d’Kand vläicht Suergen, wat seng Sexualitéit ubelaangt oder e Wëssen zu deem Thema, dat net zum Alter passt? An dat kënnen dann Unzeeche sinn, fir festzestellen, dass et sech net nëmmen ëm en onschëllegt Spill fir Kanner handelt.", esou den Dr. Pascal Bruncher, Dokter am PMI Moselle.

Iwwert sexualiséiert Gewalt schwätzen an den Affer nolauschteren, nëmmen esou kann deene betraffene Leit gehollef ginn.

Back to Top
CIM LOGO