Och hei deet sech eppes. Ee Joer nodeems d’Weltgesondheetsorganisatioun eng Pandemie ausgeruff huet, sinn och an der Therapie Fortschrëtter gemaach ginn. De Pierre Weimerskirch huet mam medezineschen Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman, dem Dr. Claude Braun, iwwert d’Entwécklungen zu Lëtzebuerg geschwat.
Nach gëtt et net vill Medikamenter, déi spezifesch bei enger Covid-19-Erkrankung kënnen agesat ginn. D'Traitementer hu sech allerdéngs verbessert. Dexamethason, e Kortison-Medikament, kréien hospitaliséiert Patienten. Remdesevir an Hydroxychlorqin hu sech als net wierksam an Etüde gewisen.
Däitschland ass dat éischt Land an der Europäescher Unioun dat Antikierper-Medikamenter kaf huet. Lëtzebuerg waart eng méiglech Autorisatioun vun der europäescher Medikamentenagence of.
Fir den Dr Braun wier et wichteg, datt méi Fuerschung iwwer Medikamenter gemaach gëtt. Fir aus der Kris eraus géif et nëmmen ee Wee ginn an dat ass d'Impfung.
