MeteoBesonnesch de Weste vum Land war vun den Donnerwiedere betraff

RTL Lëtzebuerg
E Samschdegowend si plazeweis déck Knëppelsteng erofgaangen. Et goufe Wandvitesse vu bal 110 km/h gemooss an et sinn iwwer 40 Liter Reen/m2 erofkomm.
Donnerwieder iwwer Lëtzebuerg (19/06/2021)
Impressioune vun RTL Mobile Reporter

Et schéngt, wéi wa besonnesch de Weste vum Land betraff gewiescht wier ma och soss ass vill Reen erofkomm no de schmeieren Deeg virdrun.

Tëscht 20 an 21 Auer goufen zu Käerjeng-Kënzeg op der Wiederstatioun Wandvitesse vun 109 km/h gemooss, zu Stengefort waren et der 106. Op der Statioun Schëmpech sinn 43 Liter Reen pro Quadratmeter erofkomm.

Wéinst der Alerte orange, déi Meteolux erausbruecht hat,  hat de CGDIS präventiv säin Dispositiv anescht opgestallt, fir sech op méiglech vill Appeller ze preparéieren. Um Enn blouf et awer just bei punktuellen Asätz.

Um Sonndeg kann et am Laf vum Nomëtteg nees zu Donnerwiedere kommen.

Back to Top
CIM LOGO