Attentat op den eegene PappBeschëllegten huet säin Appell géint 1. Uerteel zréckgezunn

RTL Lëtzebuerg
Dee Mann, deen am Oktober 2016 zu Biergem en Attentat op säi Papp probéiert hat, huet säin Appell géint dat 1. Uerteel aus dem Oktober zejoert zréckgezunn.
© AFP

Dat gouf en Dënschdeg am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad bekannt. D'Vertriederin vum Parquet général huet virun deem Hannergrond d'Confirmatioun vum 1. Uerteel gefrot, dat 2. Uerteel gëtt den 3. Dezember gesprach.

D'lescht Joer war de Mann zu 14 Joer Prisong, 4 dovu mat Sursis probatoire, veruerteelt ginn. Eng Oplo war déi, dass sech de Mann psychiatresch behandele léisst.

An der Suite vun deem Attentat war et zu enger Perquisitioun an der Wunneng vum Mann zu Diddeleng komm, mat Evakuatioun vun der direkter Noperschaft. Hien hat sech an Däitschland ofgesat, zu Düsseldorf awer der Police gestallt a war zwee an en hallwe Mount drop u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.

Back to Top
CIM LOGO