
Ugangs der Woch konnt d'Police op der Stater Gare 3 Drogendealer festhuelen, dat quasi wärend deem d'Droge verkaaft goufen.
Op Uerder vum Parquet hu sech déi 3 Männer misste vun engem Scanner duerchsiche loossen. Am Ganze goufen 23 Kokain- an 10 Heroinbulle fonnt an den 3 Dealer ofgeholl.
De Parquet huet ordonnéiert, fir d'Männer festzehuelen an uschléissend dem Untersuchungsriichter ze presentéieren.