ZowaaschBärbels-Kierch: Déi éischt, déi entweit, renovéiert a lo nei affektéiert gëtt

Roy Grotz
Déi klasséiert neogotesch Bärbels-Kierch gouf vum Comte Fernand de Saintignon baue gelooss, deem vill Terrainen an eng Schmelz gehéiert hunn.
© Gemeng Déifferdeng

Geweit gouf se der helleger Bärbel, der Patréinesch vun de Mineuren. D'Kierch, déi desakraliséiert gouf a wou also keng kierchlech Zeremonië méi ofgehale ginn, ass no der Trennung vu Kierchen an dem Staat 2019 an de Besëtz vun der Déifferdenger Gemeng gefall - no hirer Renovatioun fir ronn zwou Milliounen Euro gëtt d'Kierch zu Zowaasch deemno d'nächst Woch nees ageweit an ass prett, fir nei benotzt ze ginn, ënner anerem fir Ausstellungen oder kulturell Manifestatiounen.

Besonnesch um protegéierte Kierchegebai zu Zowaasch ass, datt et ënner anerem mat Steng gebaut gouf, déi aus engem Héichuewe stamen, deen 1881 ofgerappt gi war - d'Holz fir d'Kierch kënnt exklusiv aus de Bëscher ronderëm Lasauvage.

Eng aner Kuriositéit zu Zowaasch ass, datt de Kierfecht vum Minières-Duerf op franséischem Territoire läit.

Back to Top
CIM LOGO