
Wéi d'Police matdeelt, sinn déi véier Täter warscheinlech a Richtung Belsch geflücht, dat mat engem schwaarze Range Rover. D'Police, déi séier op der Plaz war, huet direkt no den Täter gesicht, konnt si awer net erëmfannen.
Zeien, déi Detailer zum Virfall oder zum Auto hunn, solle sech bei der Police um 113 mellen.
D'Ermëttlunge lafen.