
An der Rue Xavier Brasseur hat de Bäifuerer eng Pistoul aus der Fënster gehalen. No enger Sichaktioun huet eng Patrull d'Gefier mat 3 Passagéier an der Kräizung Rue Emile Mark / Rue Michel Rodange gestoppt an déi gemellte Pistoul, déi nieft dem Bäifuerer louch, sécher gestallt.
Déi 3 am Won goufen immobiliséiert a koume fir weider Ermëttlungen op de Policebüro. Bei der presuméierter Waff huet et sech ëm eng Softair-Pistoul gehandelt. Well beim Chauffer donieft de Verdacht opkoum, datt hien ënner Drogenafloss stéing, gouf e Schnelltest gemaach. Den Test war positiv an de Mann huet misse fir eng Blutt- an Urinprouf an d'Spidol.
Och déi aner Bedeelegt goufen duerchsicht an 12 Gramm Haschisch sécher gestallt. Bei enger Perquisitioun beim Proprietär vu der Pistoul gouf nach eng änlech Waff fonnt. D'Gefier, sämtlech Pistoulen an d'Droge goufen op Uerder vum Parquet saiséiert, duerno duerften déi 3 jonk Männer de Policebüro nees verloossen. Géint si leeft eng Plainte.