
Dono wieren d'Haiser awer séier informéiert ginn, datt et e Feeler gouf, sou d'Santé. De Cipa op der Léier hat e Samschdeg gemellt, datt wéinst eenzele Covid-Fäll temporär keng Visitte méi erlaabt wieren an datt och net méi gemeinsam giess kéint ginn. Am spéiden Nomëtteg koum vun der Santé e Rectificatif an där Saach.
