N15Automobilist verléiert Kontroll, Gefier iwwerschléit sech

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg an der Mëttesstonn huet sech tëscht dem Schumann's Eck a Bidscht e Gefier e puer Mol iwwerschloen, nodeem de Chauffer d'Kontroll verluer huet.
© Domingos Oliveira / RTL

D'Camionnette ass dono am Summerwee gelant an op der Kopp zum Stoe komm. De Chauffer huet misste vun de Rettungsdéngschter aus sengem Gefier gebuerge ginn a koum mat Blessuren an d'Spidol.

© Domingos Oliveira / RTL

Wisou de Chauffer d'Kontroll iwwert d'Camionnette verluer huet, ass aktuell nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO