
En Alkoholtest huet erginn, dass den erlaabten Héchstwäert iwwerschratt gouf. Nieft Alkohol hat de Chauffer och Droge consomméiert. D'Beamte vun der Police hunn illegal Substanzen an Drogenutensilie saiséiert. De Mann gouf protokolléiert an huet säi Führerschäi missen ofginn.
En Dënschdeg den Owend géint 17.40 Auer koum et an der 'Duarredstrooss' zu Wäiswampech zu engem Accident, bei deem och eng Persoun ënner Alkoholafloss gefuer ass. 2 stationéiert Gefierer goufen hei beschiedegt. Well den Automobilist de Beamte vun der Police mat Schléi gedreet hat, krut hie fir eng kuerz Zäit Handschellen ugedoen.