Tëscht Ettelbréck a Colmer-BiergAutobunn A7 no schroem Accident elo nees fir Trafic op

RTL Lëtzebuerg
Uergen Accident géint 2.00 Auer tëscht Schieren an Ettelbréck. Op der B7, Héicht Autobunnsopfaart, sinn 2 Autoe frontal anenee gerannt. 3 Blesséierter.
Accident B7 / A7: Impressioune vun der Plaz
Géint 2 Auer um Donneschdeg de Moie fréi, gouf et bei der Autobunnsopfaart Ettelbréck - Schieren eng Frontalkollisioun tëscht 2 Autoen.

Do wou d'A7 an d'B7 beienee kommen, ass et zu enger Frontalkollisioun tëscht 2 Autoe komm. Dobäi goufen 2 Persounen an deem Auto ageklemmt, dee vun der A7 Richtung Norden op d'B7 ënnerwee war. Si hu mussen aus dem Auto erausgeschnidde ginn. De Chauffer an de Bäifuerer goufe schwéier blesséiert.

De Chauffer vum Auto, dee vun der B7 Richtung A7 gefuer ass, gouf och a sengem Auto ageklemmt a gouf mat Blessuren an d'Spidol bruecht.

Nieft den Ambulanze vun Dikrech, Ettelbréck, der Fiels a Lëntgen, grad wéi de Pompjeeë vu Colmer-Bierg, Dikrech, Ettelbréck a Schieren waren och déi 2 Samu’en, aus der Stad a vun Ettelbréck op der Plaz.

D'Autobunn A7 war wärend e puer Stonnen tëscht Ettelbréck a Colmer-Bierg a béid Richtunge fir den Trafic gespaart. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. Géint 11.20 Auer ass d'Streck awer nees komplett opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO