WëntgerAuto rennt a Bam op der Héicht vun der Schoul
RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Mëtteg géint 16.30 Auer koum et zu Wëntger op der N12 zu engem méi uergen Accident, wéi e Chauffer mat sengem Gefier an e Bam gerannt ass.
Update: 08.12.2025 15:35
De Chauffer, deen eleng a sengem Gefier souz, gouf schwéier blesséiert, et besteet awer keng Liewensgefor.
De Blesséierte gouf mam Rettungshelikopter an d'Spidol geflunn. D'Strooss ass fir den Ament nach ëmmer gespaart an d'Police ass op der Plaz.