Am LokalenAuto op der Kopp tëscht Boukels a Pënsch

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt den 112 en Auto, deen op der A13 e Samschdeg de Moien géint 5.15 Auer op d'Kopp gaangen ass. Heibäi gouf eng Persoun liicht blesséiert.
© Mobile Reporter

D'Police huet matgedeelt, datt et géint 6.20 Auer nach een Accident tëscht Boukels a Pënsch gouf. En Automobilist hat do d'Kontroll iwwer säi Won verluer a krut ee Bam ze paken. De Bäifuerer gouf am Gefier ageklemmt an huet misse vun de Rettungsekippe gebuerge ginn. Hie koum liicht blesséiert an d'Spidol.

De Chauffer gouf net verwonnt, hat allerdéngs gedronk. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

Kuerz no 10 Auer ass zu Zolwer en Auto an eng Mauer gerannt. Och hei blouf et bei engem liicht Verwonnten.

Back to Top
CIM LOGO