PoliceAuto net konform mam Gesetz an Drogen an illegal Waffen dobäi

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Kontroll vun der Police vun engem Auto, deen net konform war, sinn ëmmer méi Saachen opgefall, déi illegal waren.

De Chauffer gouf zu Diddeleng e Sonndeg géint 17 Auer ugehalen, well d'Fënstere vum Chauffer a Bäifuerer getéint waren, wat net zoulässeg ass. Fir d'Folien aus de Fënsteren ze huelen, huet de Mann e Messer benotzt, wat hien net hätt dierfte bei sech hunn. Donieft hat hien nach 4 weider esou Messere bei sech, wéi och eng Matraque. De Bäifuerer dogéint hat wärend der Kontroll probéiert, fir Drogen ze verstoppen. Bei der Duerchsichung vum Auto goufen dunn nach 13 Gramm Haschisch a 15 Gramm Marihuana, wéi och en ugefaangen Joint fonnt. Den Drogentest beim Chauffer war dann och positiv an hien huet misste fir eng Bluttprouf ofzeginn an d'Spidol.

Da mellt d'Police nach, datt een um Sonndeg den Owend 3 Permisen agezunn huet. Op der A13 Héicht Keel gouf en Automobilist géint 17.15 Auer ugehalen, well hien duerch seng komesch Fuerweis opgefall ass. Et hat sech erausgestallt, datt de Mann ze déif an d'Glas gekuckt hat. Kuerz virun 23 Auer gouf eng änlech Situatioun um CR310 gemellt, de Chauffer hat hei bal 2 Accidenter provozéiert. Den Auto konnt zu Bungeref gestoppt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv. Kuerz drop gouf an der Stad eng Automobilist kontrolléiert, wou et däitlech Indicen op alkoholiséiert Autofuere gouf. D'Fra hat sech awer geweigert, fir en Alkoholtest ze maachen. Och hire Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO