RodangeAuto kritt Foussgänger ze paken

RTL Lëtzebuerg
Déi Persoun déi ugestouss gouf, gouf blesséiert.
© RTL Archiv

An der route de Longwy zu Rodange gouf e Sonndeg kuerz virun 18 Auer e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert, dat wéi d'Persoun wollt iwwert d'Strooss goen. De Chauffeur vum Auto war alkoholiséiert a krut dowéinst och de Permis ofgeholl.

D'Identitéit vum blesséierte Foussgänger konnt net gekläert ginn, well dësen sech net ausweise konnt an och net zu Lëtzebuerg ugemellt ass. Déi auslännesch Police gouf iwwert de Virfall informéiert an d'Donnéeë goufe weidergeleet.

Back to Top
CIM LOGO