Zanter Januar gëtt d’Kärenhal nämlech ofgerappt. Fir drun z'erënneren, datt Miersch joerzéngtelaang d'Metropol vun der Lëtzebuerger Agrikultur war, hunn d'Geschichtsfrënn vu Miersch an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an der Initiativ ''Leader Lëtzebuerg West'' eng Ausstellung Am Mierscher Kulturhaus organiséiert.
D’Geschichtsfrënn vu Miersch bedaueren iwwerdeems, dass um Site vun der fréierer Kärenhal näischt vun de fréieren Aktivitéiten erhale bleift. Den Ern Kohn erkläert:"Mir hunn als Associatioun wéineg Afloss op wat gehale gëtt a wat net. Mä mir wären natierlech frou gewiescht, wann do e Konzept bestanen hätt, vun Ufank un. Beispillsweis fir d’Kärenhal ze halen, ier et zu deene Pläng komm wär, déi elo do sinn."
D’Geschichtsfrënn vu Miersch bedaueren iwwerdeems, dass um Site vun der fréierer Kärenhal näischt vun de fréieren Aktivitéieten erhalten bleift.
D’Expo weist ënnert anerem original Deeler vun den Apparaturen mat deenen d’Masse u Kären geréiert gouf. Se ass bis den 1. Dezember op, dat vu Méindes bis Freides vun 14-17 Auer, a Sonndes vun 15 bis 17 Auer.
Méi Infoen ginn et um offizielle Site vum Mierscher Kulturhaus.