
D'Onzefriddenheet beim Personal, virop bei den Doktere wier grouss. Ënnert anerem hätt den Direkter d'Prozedur net respektéiert, fir d'Nofolleg vum medezineschen Direkter, deen am Februar demissionéiert hat. De Verwaltungsrot hätt missen intervenéieren. Dem Tageblatt no wier en Headhunter engagéiert ginn, deen en Ersatz fir den Hansjörg Reimer siche géing. Hire Sourcen no géing et elo just nach drëm goen, wéi héich dem Reimer seng Entschiedegung fir d'Kënnegung soll sinn.
Den Escher CSV-Deputé-Maire a President vum Verwaltungsrot vum Spidol Georges Mischo dementéiert dat awer. Scho virun e puer Méint hat d'Tageblatt iwwer Dysfunktionnementer am CHEM bericht, och deemools hat de Georges Mischo dementéiert, datt den Direkter sollt ersat ginn.