A400 MArméiminister op Visitt op der belscher Airbase Melsbroek

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem Hierscht 2020 huet Lëtzebuerg säi Militärfliger. Den Airbus A400M ass bei Bréissel stationéiert an ass an déi belsch Flott integréiert.
Arméiminister op Visitt op der belscher Airbase Melsbreuk
Zenter dem Hierscht 2020 huet Lëtzebuerg säi Militärfliger. Den Airbus A400M ass bei Bréissel stationéiert an ass an déi belsch Flott integréiert.

Déi Lëtzebuerger an déi belsch Arméi schaffen hei Hand an Hand. De Lëtzebuerger Arméiminister war sech elo ukucken, wéi déi Zesummenaarbecht am Alldag ausgesäit.

Zesummenaarbecht Lëtzebuerger a belsch Arméi / Rep. R. Thill

6 Lëtzebuerger Zaldote sinn op der belscher Airbase Melsbroek bei Bréissel stationéiert. 2 si sougenannte Loadmaster, also fir d’Cargo an d’Passagéier an den Transportmaschinne responsabel. 4 si Piloten um Airbus A400M an de Lëtzebuerger Ben Kauffmann ass ee vun hinnen.

De Lëtzebuerger Pilot Ben Kauffmann huet eréischt 100 Fluchstonnen op dëser Zort vu Fligeren. Déi ganz A400-Flott ass den Ament nach an der Test- an Trainingsphas. A knapp 3 Méint kommen d'Fligeren an d'Equipagen an de regulären Asaz a kënnen éischt Missioune fléien, esou de Lieutenant-Colonel Georges Campill.

Ma de Fliger soll awer net just fir militäresch Zwecker agesat ginn. Bei Naturkatastrophe kann de Fliger zum Beispill fir zivil Zwecker agesat ginn oder och, fir Material op bestëmmt Plazen ze bréngen, sou den Arméiminister François Bausch.

Lëtzebuerg huet elo 4 Piloten, déi an der Belsch stationéiert sinn, ee weideren ass esou gutt wéi fäerdeg mat der Ausbildung an zwou Persoune sinn nach an der Piloteschoul. Dorobber wëll een opbauen an an Zukunft weider Pilote rekrutéieren.

Klickt hei, fir op Fotoe vun der Plaz ze kommen

Schreiwes vun der Direction de la défense

François Bausch a annoncé l'intention de mettre en place un bataillon belgo-luxembourgeois de forces terrestres (16.06.2021)
Communiqué par: Direction de la défense

Hier, le ministre de la Défense François Bausch a visité la flotte binationale d'avions militaires A400M basée à Melsbroek, en présence du haut représentant de l'Union européenne pour les affaires étrangères et la politique de sécurité, Vice-président de la Commission européenne, Josep Borrell.

Le ministre et le HRVP ont pu monter à bord de l'A400M pour un vol de démonstration.

Lors de la visite, le ministre de la Défense luxembourgeois a réitéré ses remerciements à la Belgique pour l'excellente coopération - au niveau gouvernemental, mais aussi au niveau des forces armées - dans le cadre de la mise en œuvre de l'unité binationale A400M, qui va faire entrer nos deux pays dans une nouvelle ère du transport aérien militaire stratégique et tactique.

Selon François Bausch, cet avion et cette flotte binationale soulignent l'ambition et la vocation de l'armée luxembourgeoise de mettre ses capacités au service de nos partenaires bilatéraux, européens et alliés. Le Luxembourg contribue ainsi substantiellement à l'architecture de défense et sécuritaire européenne et transatlantique. Dans ce sens, cette flotte sera au service des besoins des sept États membres de l'EATC (European Air Transport Command) qui pourra donner des missions à l'unité binationale et effectuera non seulement des opérations militaires, mais aussi des missions de gestion de crises et d'aide humanitaire au profit de l'Union européenne en cas de besoin.

En marge de la visite, François Bausch a annoncé l'intention de mettre en place un bataillon belgo-luxembourgeois de forces terrestres, un projet qui s'insère dans la planification de défense de l'OTAN. Il est prévu que François Bausch et Ludivine Dedonder, ministre de la Défense belge signent une lettre d'intention à cet effet le 7 juillet prochain lors de la prochaine réunion Gäichel entre les gouvernements belge et luxembourgeois. L'endroit de stationnement de ce bataillon reste à définir.

François Bausch: Méiglecherweis e gemeinsame Batailloun mat der Belsch

Back to Top
CIM LOGO