Täter op der FluchtArméierten Iwwerfall op eng Bensinsstatioun am Rollengergronn

RTL Lëtzebuerg
Géint 19.30 Auer hunn 2 maskéiert Täter op enger Bensinsstatioun Boergeld an Zigarette matgoe gelooss.

Duerno hu si sech ze Fouss a Richtung Eech duerch d'Bascht gemaach.

Täterbeschreiwung vun der Police:

Béid Männer haten donkel Kleedung un, ware vu schlanker Statur an ongeféier 1,70 Meter grouss. Si hunn alle béid Franséisch geschwat. Ee vun de Männer hat eng schwaarz, deen aneren eng blo Mask un.

D'Police mécht den Appell, keng friem Persoune mam Auto matzehuelen. Eventuell Zeie solle sech beim 113 mellen.

Back to Top
CIM LOGO