EttelbréckArméierten Iwwerfall an engem Kleederbuttek

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den Iwwerfall e Samschdeg am Nomëtten. Den Täter konnt e wéineg spéider vun der Police festgeholl ginn.
© RTL Archiv

Um Kuerz viru 15 Auer e Samschdeg de Mëtteg koum et zu engem arméierten Iwwerfall an der Grand-rue zu Ettelbréck. E Mann, dee mat engem Messer arméiert war, ass an e Kleedergeschäft gaangen an huet d'Vendeuse domadder menacéiert. Den Täter huet d'Keess du matgoe gelooss.

D'Vendeuse gouf dobäi net blesséiert. Relativ séier huet d'Police ugefaangen nom Mann ze sichen, dëse konnt schlussendlech och séier fonnt a festgeholl ginn. D'Keess mat de Suen, sou wéi d'Waff déi de Mann beim Iwwerfall dobäi hat, konnte séchergestallt ginn.

Op Uerder vum Dikrecher Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO