Fall vu Duebel-MordAppellprozess géint Polizist huet ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
De Polizist streit d'Vergëftung vu senger Schwëster a sengem Schwoer jo weider of.
© RTL Archiv

Um Stater Geriicht huet e Mëttwoch den Appellsprozess géint de Polizist ugefaangen, dee reprochéiert kritt, seng Schwëster a säi Schwoer am September 2016 zu Bäreldeng vergëft ze hunn. Den Ugeklote war an éischter Instanz wéinst dem duebele Mord zu liewenslaange Prisong verurteelt ginn.

De Polizist streit d'Virwërf weider of. Hien wier just frustréiert gewiescht well e vun deenen zwee net mat an d'Vakanz geholl gi wier an hätt just gewollt, datt et der Schwëster an hirem Partner schlecht gëtt.

E Méindeg ass den zweeten a leschte Verhandlungsdag am Appell.

Back to Top
CIM LOGO