Äntwert op parlamentaresch FroAnti-Tubak-Gesetz gesäit keng Moossname géint Zigaretten-Offall vir

RTL Lëtzebuerg
Wéi vill Tonne maachen d'Zigarettestëmp aus, déi pro Joer agesammelt ginn? Ënnert anerem dat wollt d'Nancy Kemp-Arendt vum Carole Dieschbourg wëssen.
© AFP

Zejoert goufen 12 Procès-verbauxen am Kader vum Anti-Tubak-Gesetz geschriwwen. Dernieft goufen 8 Avertissements taxés ausgestallt, wéinst Consommatioun vun Zigaretten a Raimlechkeeten oder op Plazen, wou dat verbueden ass. Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt.

D'Parlamentarierin wollt och nach wëssen, wéi vill Tonnen d'Zigarettestëmp beim agesammelten Dreck pro Joer ausmaachen. Eng Fro, déi awer sou präzis net ze beäntwere wier, schreift d'Ministesch. D’Anti-Tubak-Gesetz schränkt d’Fëmmen an d’Vaporiséieren an, et gesäit een awer keng direkt Moossname géint den Offall vun Zigarette vir, sou déi weider Explikatioune vum Carole Dieschbourg.

Back to Top
CIM LOGO