Péitenger LycéeAnnoncéiert Schéisserei soll eng verluere Wett gewiescht sinn

RTL Lëtzebuerg
De Schüler vum Lycée Technique Mathias Adam zu Péiteng, deen d'lescht Woch eng Schéisserei iwwert sozial Medien annoncéiert hat, hätt eng Wett verluer.

Dat schreift den Essentiel, dee sech op Aussoe vun anere Schüler berifft.

Eng Grupp Schüler hätt eng Wett gemaach, deen dee verléiert misst op Snapchat soen, datt en eng Schéisserei organiséiere géif. De mannerjärege Schüler war e Freideg de Moie vun den Autoritéiten en Charge geholl ginn.

RTL-Artikel: LTMA / Péiteng Jugendlechen hat "Shooting" iwwer sozial Medien annoncéiert

Back to Top
CIM LOGO