Ettelbréck a KäerjengAn zwee Fäll attackéiere Frae Männer mat engem Messer

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg koum et zu Ettelbréck zu engem Sträit tëscht enger Koppel, bei där de Mann mat engem Messer blesséiert gouf.

Zwou déif Schnëttwonnen waren d'Resultat vum Sträit. Op Uerder vum Parquet gouf d'Fra festgeholl an huet en Donneschdeg am Nomëtteg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. Si war staark alkoholiséiert, wéi se vun de Poliziste matgeholl gouf.

Wéinst haislecher Gewalt gouf dann och nach eng Wegweisung gesprach. Si däerf also net zeréck an d'gemeinsam Wunneng bei hire Mann, deen huet mussen an d'Spidol, fir do behandelt ze ginn.

Fra blesséiert Mann mat Messer - och zu Käerjeng

En änlechen Tëschefall gouf et zu Käerjeng. Och hei gouf e Mann vun enger Fra mat engem Messer blesséiert. Déi presuméiert Täterin war net méi an der Wunneng, wéi d'Police bis do war. Si ass awer fräiwëlleg op de Policebüro komm, fir sech wéinst dem Virfall ze stellen. D'Affer koum fir eng Behandlung an d'Spidol. D'Fra huet Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Iwwerfall

Zu Esch an der rue des Jardins gouf e Mann iwwerfall a krut säi Portmonni geklaut. Den Ugräifer ass an d'rue Erni Reitz geflücht. De presuméierten Täter konnt spéider festgeholl ginn, obwuel e sech nawell ferm gewiert huet.

Führerschäin agezunn

E Mëttwoch kuerz virun 22 Auer gouf et zu Waasserbëlleg en Accident, bei deem den Automobilist an e Potto an der route d'Echternach gerannt ass. En huet sech duerch d'Bascht gemaach, konnt awer kuerz drop zu Waasserbëlleg ermëttelt ginn. De Chauffer war alkoholiséiert a krut de Führerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO