
Déi 3 Dealer goufen alleguerten op frëscher Dot bei hirem Deal erwëscht a goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.
Virum Gebai vun der Gare konnt en Dënschdeg de Mueren en Drogendeal tëscht engem presuméierten Dealer an engem Mann observéiert ginn. Beim Client huet et sech allerdéngs just ëm e Mëttelsmann gehandelt, deen d'Wuer un eng 3. Persoun sollt weider ginn. Déi 3 Persoune konnte gestallt ginn. Well konnt observéiert ginn, dass den Dealer d'Wuer aus sengem Mond geholl huet, gouf de Mann mat Hëllef vun engem Scanner duerchsicht. Hei konnten am ganzen 23 Kokain-Bulle séchergestallt ginn. De Mann gouf festgeholl, Client a Mëttelsmann kruten eng Plainte.

E weideren Dealer da gouf nach de selwechten Dag erwëscht, déi Kéier um Quaie vun der Gare. Och hei ass den Drogendeal beim Akt selwer opgeflunn. Den Täter gouf festgeholl.
En Donneschdeg de Mëtteg du gouf dann e weideren Dealer an der Avenue de la Gare festgeholl, nodeems an der Stroossbuerger Strooss den Drogendeal ofgewéckelt gouf. Beim Duerchsiche vum Mann, och nees mam Scanner, goufe 4 weider Bulle Kokain fonnt.

Um Freideg den Owend hunn dann nach eng 12 Beamten d'Gare an Ëmgéigend mat Hënn kontrolléiert. 23 Persoune goufe kontrolléiert, an engem Fall konnt bei enger Persoun Droge fonnt ginn, an engem anere Fall hat een eng Gaspistoul bei sech.