
Iwwerdeems si Drogen an der Garage vum Wunnhaus consomméiert haten, goufe si vun der Police erwëscht. E Messer an Drogenutensilie goufen saiséiert. Déi selwecht Männer goufe wéinst anere Strofdote protokolléiert.
Kuerz no Mëtternuecht goufen 2 Persoune virum Agang vun der Stater Gare vun onbekannte Männer ugegraff. Et koum zu enger kierperlecher Ausernanersetzung. Ee vun de Männer huet vun der Situatioun profitéiert an engem vun den Affer den Handy geklaut. Éier sech déi Onéierlech aus dem Stëbs konnte maachen, ass den Déifstall awer opgeflunn.