PotaschbiergAn der Nuecht op e Samschdeg gouf e Busarrêt a Brand gesat

RTL Lëtzebuerg
En Zeien hat d'Police géint 1.30 Auer alertéiert. D'Pompjeeën haten d'Feier séier am Grëff.

Duerno huet d'Police e Mann fonnt, deen zouginn huet, e Feierche mat Zeitungspabeier gemaach ze hunn, well him kal war. Wéi d'Police schreift, hat de Mann visiblement ze vill gedronk. Hie krut e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO