KierchbiergAn Akafszentrum geklaut an an en Auto agebrach

RTL Lëtzebuerg
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

An engem Akafszentrum um Kierchbierg gouf en Dënschdeg e Mann dobäi erwëscht, wéi en d'Geschäft verloosse wollt, ouni en Handy, deen en a sengem Rucksak hat, ze bezuelen.

D'Sécherheetsbeamten hunn d'Police alarméiert. Wéi d'Beamten hien duerchsicht hunn, hu se erausfonnt, datt hien nach weider Saache geklaut hat. Virdru war de Mann nämlech och nach an en Auto agebrach.

Back to Top
CIM LOGO